Mir sinn houfreg Iech op der neier Internetsäit vun der Aerenzdallgemeng begréissen ze dierfen. Nieft engem neien, modernen Design, deen sech un den Faarwen vun eisem Logo orientéiert, gouf och de Contenu iwwerschafft an à jour gesat. Villes gouf méi iwwersiichtlech an accessibel gestalt, fir déi eenzel Démarchen bei der Gemeng ze erliichteren. Sollt Dir trotzdeem op dësem Wee net fündeg ginn, wat Äert Uleies betrefft, kënnt Dir Iech bei Froe weiderhin un d’Gemengepersonal wenden. Och hu mir ëmmer een oppent Ouer fir Verbesserungsvirschléi oder Suggestioune, déi eise Site betreffen.

Nieft den administrativen Themen, fannt Dir hei awer och, wéi op eiser Facebook-Säit, d’Aktualitéit aus der Gemeng. Sief et ee Chantier, eng Prozedur, eng allgemeng Informatioun oder eng Manifestatioun, hei fannt Dir se!

Et ass eis wichteg, dass eis Internetsäit net statesch ass, net zulescht dowéinst wäert dëse Site kontinuéierlech weiderentwéckelt ginn, fir dem Public d’Démarchen esou einfach wéi méiglech ze maachen an ëmmer Neies ze bidden an aktuell ze sinn.

Mir heeschen Iech dofir häerzlech Wëllkomm um neien Site « aerenzdall.lu ».

Besicht och eis Facebook-Säit.

De Schäfferot vun der Aerenzdallgemeng.