Am Kader vum europäeschem Dag ouni Abroch,  deen den 15 Juni 2022 statt fënnt, organiséiert vun EUCPN (European Crime Prevention Network), profitéieren d’Police Lëtzebuerg, fir sech unzeschléissen.

D’Police wäert déi ganz Woch vum 13. Juni bis den 17. Juni 2022 verschidden Themen am Beräich Abrochs-Präventioun an den sozialen Medien vun der Police uschneiden, an den Bierger opklären wei ë séin Haus/Wunneng méi sécher kann maachen.

D’Präventiouns-Camionnette vun der Police steet den 15. Juni 2021 vun 7.30 – 13.00 Auer an der Staat um Maart op der Place Hamilius wou all Bierger sech kann Informéieren.

Am Fall wou Awunner sech onsécher spieren, kënnen si sech beim Service National de Prévention de la Criminalité (SNPC) (Tel: 244 244 033 prevention@police.etat.lu) mellen, an eng GRATIS Berodung ufroen.

Am wichtegsten ass et awer elo dass Vakanzen virun der Dier stinn an dowéinst wollt d’Police op hiren GRATIS Service vum “Départ en Vacances” opmierksam maachen.