Prévue

Description

Mir freeën eis, Iech dëst Joer als „Eppelduerfer a.s.b.l.“ begréissen ze duerfen. Den Zousaz „Jugend“ hu mir rezent gestrach a maachen domat de Veräin op fir jiddereen. Weider Detailer dozou reeche mir no.

Mir komme Buergsamschden, de 17. Februar ab 13:00 Auer duerch d’Duerf ophiewen. Sonndes, den 18. Februar gëtt zesumme mat eise Pompjeesveteranen d’Buerg géint 19:15 Auer beim Pompjeesbau gebrannt, wou duerno fir z’iessen an ze drénke gesuecht ass. Wien gären beim Opriichten eng Hand wëll upake, ka Sonndes Mëttes ab 14:00 Auer hëllefe kommen.

Dëst Joer wëlle mir eis mat eise Matmënschen op der Strooss solidaresch weisen. Dofir hu mir decidéiert, dass all Euro, dee mir op Buergsamschden a Buergsonndeg vun Iech entgéinthuelen, un d’Stëmm vun der Strooss geet, fir domat op der Platz Hëllef ze leeschten. Merci fir Ären Don.

Eppelduerfer a.s.b.l. zësumme mat den Eppelduerfer Pompjeesveteranen