Prévue

Description

Mir komme Buergsamschden, den 8. Mäerz ab 10:00 Auer duerch d’Duerf ophiewen. Sonndes, de 9. Mäerz gëtt zesumme mat eise Pompjeesveteranen d’Buerg géint 19:15 Auer beim Pompjeesbau gebrannt, wou duerno fir z’iessen an ze drénke gesuecht ass. Wien gären beim Opriichten eng Hand wëll upake, ka Sonndes Mëttes ab 14:00 Auer hëllefe kommen.

Dëst Joer hu mir decidéiert, dass all Euro, dee mir op Buergsamschden a Buergsonndeg vun Iech entgéinthuelen, un d’Häerzkrank Kanner zu Lëtzebuerg (www.alaec.lu) geet. Merci fir Ären Don.

Eppelduerfer a.s.b.l. zësumme mat den Eppelduerfer Pompjeesveteranen