Prévue

Description

De Sonndeg, de 26. Mee kommen d’Wanderer vum Marche Internationale de Diekirch op hirer 40 km Streck duerch Eppelduerf. Duuschtreg an hongreg kommen si no 18 km laanscht de Centre Culturel „Härenhaus“, wou d’Eppelduerfer si och dëst Joer mat Iessen, Gedrénks a gudder Stëmmung empfänken. Op Wanderer oder net, kommt laanscht op eisen „Checkpoint Eppelduerf“ a loosst iech vun eis rëm oppäppelen. Weider Informatiounen zum Marche Internationale de Diekirch: https://www.marche.lu/.