Prévue

Description

D’Aerenzdallgemeng an den SIT Aerenzdallgemeng invitéieren zesummen op eng Chrëschtféier fir eis sëlwer Generatioun.

E Sonndeg 10. Dezember 2023 am Veräinssall zu Steeën vun 15:00-19:00 Auer.

D’Gemeng, zesummen matt dem Syndicat d’Initiative invitéiert all eis Matbierger vun 60 Joer un mat Partenaire (deen daerf och méi jonk sinn).

« D’Aerenzdaller » sangen e puer Lidder a spillen e kléngen Sketch.

Et gëtt Schnittercher a Kuch

Umeldungen : bis de Méindeg 4. Dezember bei Pit Friederes (691-867753 zwëschent 18:00 an 20:30). 

Fir déijéineg déi kee Moyen hunn fir op Steeën ze kommen, kënne mer eng Transportméiglechkeet organiséieren.