Prévue

Description

Zwee Joer nodeems dat soziaalt Liewen zu Lëtzebuerg wéinst der Covid-19 Pandemie ageschränkt gouf, freet sech d’Fanfare Medernach fir e kulturellt Event zu Miedernach ze organiséieren.D’Zil ass et, den Awunner aus der Ärenzdallgemeng wéi och deenen aus der Regioun en agreabele musikaleschen Dag an eng Geleeënheet fir sech erëm ze treffen ze bidden.Eis zentral Intentioun vun dësem Festival ass et, fir d’Interaktiounen tëscht de Leit ze fërderen, déi zënter dem Ufank vun der sougenannter Crise sanitaire gelidden hunn. Laang Aarbechtszäiten a laang Weeër fir dohinner ze kommen, e Réckgang vum benevollen Engagement, d’Verschwanne vu Plazen a Méiglechkeete fir sech ze treffen, fir nëmmen ee puer ze nennen, bewierken datt d’Bierger net méi zesumme fannen, wat een sozialt Zesummenwuessen behënnert. Dësen Trend gëtt sécherlech verstäerkt an enger Gemeng wéi eiser, an där vill Leit vu verschiddener Hierkonft a Kulture wunnen. All deenen Entwécklunge wëlle mir entgéint wierken, andeems mer mat dëser Manifestatioun eng Platz ubidden, wou d’Leit sech begéinen, austauschen, a sech mateneen iwwer flott Musek freeë kennen.De Wake up Festival fënnt op dem zentrale Site ënnert der Spillschoul nieft der Miedernacher Kierch statt.

http://www.wakeup-festival.lu/———————————————————————————————Programm:14.00 Auer – Jugendensembel Fanfare Medernach14.30 Auer – Jugendensembel Fanfare Lintgen15.00 Auer – Fanfare Lintgen16.15 Auer – Fielser Musek17.30 Auer – Philharmonie Municipale Diekirch18.30 Auer – The Cosmic Birds19.15 Auer – Drop & Dowidder20.15 Auer – 7LasT21.30 Auer – Irina22.30 Auer – Dj Haasi