De Brevet A soll déi Jonk (ab 15 Joer) drop preparéiere Kanner oder Jonker wärend enger Fräizäitaktivitéit (ouni Iwwernuechtung) an ënner Opsicht vun engem Verantwortlechen ze betreien. Den Animateur ënnerstëtzt e Verantwortleche bei enger Aktivitéit mat Kanner oder Jugendlechen. Am festgeluechten a zäitlech begrenzte Programm plangt a leet den Animateur eegestänneg eng bestëmmten Aufgab.
Des Formatioun gëtt vum 8. bis den 11. Abrëll am Centre Arend-Fixmer zu Miedernach ugebueden.
Umelle kann een sech iwwert de QR-Code um Flyer oder direkt ënnert dësem Link.