D’LEADER Mëllerdall ënnerstëtzt am Kader vum regionalen Umbrella-Projet kleng Aktivitéiten & Offeren am Volet „Kultur&Tourismus“. Zil vun der Initiativ ass et fir Mini-Projete vu Veräiner, Gemengen an engagéiert Gruppen an der Regioun Mëllerdall ze fërderen. Agereecht kënne ginn Aktivitéiten an de Beräicher Kultur an Tourismus, déi an der Regioun Mëllerdall ëmgesat ginn. Méiglech si Mini-Projete mat kulturellem oder kulturtouristeschem Hannergrond, zum Beispill  iwwert d‘Kulturgeschicht, d‘Kulturlandschaft, d‘regional Identitéit, Kulturtourismus, mat Artisten aus der Regioun, a.s.w.

De Fokus fir d’Ënnerstëtzung läit dobäi besonnesch op finanziell kleng, mä innovative Mini-Projete vu lokalen oder regionalen Acteuren, Gemengen an Associatioune mat vill Engagement am Benevolat, mä ouni grouss Administratioun. D‘ Mini-Projete kënne mat engem Subside vu maximal 4.000 € pro Mini-Projet bezouschusst ginn. An dësem 2. Opruff stellt de LEADER-Grupp eng Enveloppe vun 12.000 € bereet.

Projete mat engem kommerziell-ekonomeschen Hannergrond sinn net eligibel.

Delai fir Projetsiddien op mellerdall@leader.lu anzereechen ass de  5. September 2025. Eng Décisioun gëtt dann bis Enn September 2025 getraff.