D’Aerenzdallgemeng huet de Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen ënnerschriwwen, an engagéiert sech domat an engem participative Prozess, deen de Schwéierpunkt leet op den Zougang zu Informatiounen, op d’Participatioun vun all deene Leit, déi an der Gemeng wunnen oder schaffen, an op d’Bekämpfung vu Rassismus an all Form vun Diskriminatioun leet.
Am Kader vum Gemengepakt kënnt Dir:
- Är Meenung soen a konstruktiv Virschléi maachen zu Theemen, déi eis all betreffen
- Bei de Biergerateliere matmaachen a konkret Projeten an Ärer Gemeng mat entwéckelen
- Deel si vun enger Gesellschaft, déi zesumme lieft, zesumme schafft an zesumme wiisst
Elo si Dir gefrot! Sot eis Är Meenung a gestalt och Dir d’Zesummeliewen an den Austausch an Ärer Gemeng an an der Regioun aktiv mat!