Prévue

Description

Maacht mat bei eiser Adventsfënster-Aktioun 2026!

Vum 28. November bis den 20. Dezember 2026 gëtt all Dag eng nei dekoréiert Fënster an eiser Gemeng opgemaach.
Privatpersounen, Familljen oder Veräiner sinn häerzlech invitéiert, eng Fënster zum Thema „Advent a Chrëschtdag“ kreativ ze gestalten.
Sicht Iech elo ee vun den 23 Datumer eraus a gitt Deel vun dëser festlecher Initiativ.

Privatpersounen, Familljen oder Veräiner kënnen sech beim Mike Feller um 621 163 691 mellen fir en Datum auszewielen.

E puer Erklärungen :
All Fënster kritt d’Nummer vum jeweilegen Datum. Dat heescht, wann eng Fënster z.B. d’Nummer 12 huet, gëtt se den 12. Dezember opgemaach, d’Nummer 30 gëtt den 30. November opgemaach.
D’Fënster an d’Nummer solle vun der Strooss aus gutt siichtbar sinn.
D’Adventsfënster soll, no deem se op ass, all Dag vun 18.00 Auer bis 20.00 Auer beliicht sinn.

Et ginn zwou Varianten:
Stëll Fënster : Dir dekoréiert eng Fënster an d’Leit spadséiere laanscht fir sech Är Dekoratioun unzekucken.
Aktiv Fënster : Dir dekoréiert eng Fënster an zerwéiert eng Klengegkeet fir d’Leit, déi kucke kommen.

Eng Lëscht mat den Datumer, geneeën Auerzäiten an den Adresse vun de Leit déi matmaachen, gëtt Enn November 2026 publizéiert.
Dir fannt bei all Fënster eng Kees an/oder e QR Code fir en Don un den Télévie ze machen.
MERCI am Numm vum Organisatiounscomité Télévie Aerenzdall 2027

Link op de Flyer