D’Police informéiert, dass de 27. Abrëll 2026 en Nuets-Trainingsflug mam Policehelikopter an de Gebidder ronderëm Berbourg, Steeën, Derenbach an Eschweiler stattfënnt.
Dësen Nuetsvol start géint 22:00 Auer an dauert ronn eng Stonn. De Flug fënnt ausserhalb vu bewunntem Gebitt statt, et kéint awer trotzdeem an de genannten Zonen zu Belästegungen duerch Kaméidi kommen. Am Kader vun dësem Training ginn Approchen an d’Landung mam Helikopter geüübt.