D’LEADER Regioun Mëllerdall ënnerstëtzt am Kader vum regionalen Umbrella-Projet kleng Aktivitéiten & Offeren am Volet „Kultur&Tourismus“. Zil vun der Initiativ ass et fir Mini-Projete vu Veräiner, Gemengen an engagéiert Gruppen an der Regioun Mëllerdall ze fërderen.
Agereecht kënne ginn Aktivitéite ronderëm de Volet „Kultur&Tourismus“, déi an der Regioun Mëllerdall ëmgesat ginn. Méiglech si Mini-Projete mat kulturellem oder kulturtouristischem Hannergrond, zum Beispill iwwert d‘Kulturgeschicht, d‘Kulturlandschaft, d‘regional Identitéit, Kulturtourismus, mat Artisten aus der Regioun, a.s.w.
De Fokus fir d’Ënnerstëtzung leit dobäi besonnesch op finanziell kleng, mä innovativ Mini-Projete vu lokalen oder regionalen Acteure, Gemengen an Associatioune mat vill Engagement am Benevolat, mä ouni grouss Administratioun. D‘ Mini-Projete kënne mat engem Subside vu maximal 4.000 € pro Mini-Projet bezouschusst ginn. An engem 1. Opruff stellt d‘ LEADER-Grupp eng Enveloppe vun 12.000 € bereet.
Projete mat engem kommerziell-ekonomeschen Hannergrond sinn allerdéngs net eligibel.
Delai fir Projetsiddien op mëllerdall@leader.lu anzereechen ass den 12. Februar 2025. Eng Décisioun gëtt dann bis Enn Februar getraff.