D’Aerenzdallgemeng invitéiert d’Awunner an d’Naturfrënn (ob grouss oder kleng) sech un der Aktioun “Grouss Botz 2026” vun eiser Gemeng ze bedeelegen.
Samschdes, den 28. Mäerz 2026 – Depart 09:30 Auer
- zu Miedernach bei der aler Sportshal
- zu Iermsdref bei der aler Gemeng
- zu Eppelduerf bei der Kierch
- zu Steeën beim Festsall
Jiddereen ass invitéiert matzemaachen a mir wiere frou, wann sech vun de lokale Veräiner jeeweils mindestens 3 Persoune bedeelege géifen.
Em 12h00 offréiert d’Gemeng an der aler Sportshal zu Miedernach e Mëttegiessen an och e Patt ze drénke fir déi Leit, déi sech un der Aktioun bedeelegt hunn.
!!!!! Vergiesst w.e.g.l. d’Aarbechtshändschen net !!!!!
Mir soen Iech alleguer am Viraus Merci fir Är Mataarbecht!