D’Fondatioun Eme huet zesumme mat de LEADER-Regioune Mëllerdall a Miselerland de LEADER-Projet « All Together Mëllerdall & Miselerland » lancéiert. Am Kader vun dësem Projet sinn dräi inklusiv Chéier gegrënnt ginn.

De Chouer « All Together Mëllerdall », deen sech reegelméisseg bei Zitha Consdorf trëfft fir ze prouwen, wäert den 19. Juni 2025 um 18h30 am Trifolion zu Iechternach optrieden.

Den Entrée ass gratis et muss een sech awer am Virfeld umellen iwwer den 26 02 27 465
oder per Mail contact@fondation-eme.lu .