An Zesummenaarbecht mam Service « Repas sur roues » vu SERVIOR organiséiert de Gemengesyndikat « Maintien à domicile – Medernach » Iessen bei Iech doheem all Dag vum Joer.
Fir jiddwer Dag kritt Dir 2 Propositioune fir ee Menü wou Dir kënnt wielen tëscht Zopp oder Entrée, Zalot, Haaptplat an Dessert.
De Programm vun den Iessen kritt Dir 3 Wochen am viraus. Dir gitt just Äre Choix un, an d’Iessen gi geliwwert op Porzeläin Teller a Schësselcher, déi bannent 40 Minutten op enger Induktiouns-Plack waarm gemaach ginn. D’Plack kritt Dir zur Verfügung gestallt.
D’Iessen ka geliwwert ginn wéi Dir et gär hätt: geschnidden, oder gemuel, ouni Fleesch, ouni Salz, oder un Diabetes ugepasst. Et gëtt geliwwert, wéini Dir et gär hätt : all Dag, eenzel Deeg vun der Woch, oder och nëmmen zäitweis.
Fir Sonndes an d’Feierdeeg ginn d’Iessen den Dag virdru geliwwert. Am Frigo bleiwen d’Iesse 36 Stonne frësch.
D’Iessen ginn am CIPA Geenzebléi zu Wolz preparéiert an da bei Iech geliwwert.
De Präis vun engem geliwwerten Iessen läit aktuell bei 17 EUR. De Rescht zu de reelle Käschten iwwerhëlt de Gemengesyndikat „Maintien à domicile – Medernach ».
Fir vu Repas sur roues ze profitéieren, braucht Dir keng Fleegeversécherung oder Hëllef vun engem Réseau d’aides et de soins à domicile kréien. Dir kënnt Iech un d’Gemeng wenden fir Iech am Service anzeschreiwen.