Säit e puer Méint stellt d’Police fest, dass ëmmer méi oft an d’Autoen agebrach gëtt, déi un ofgeleeëne Plaze mat wéineg Trafic geparkt goufen.
Aktuell hu mer e gréissere Phenomen duerch ganzt Land, wou Täter einfach bei all Auto klenschen an esou dann, wann net zougespaart ass, ganz einfach Wäertsaachen aus den Autoe klauen. Dës sougenannte « Klenscherten » si queesch duerch d’Land ënnerwee. Leider hunn och ëmmer nach vill Leit hir Wäertsaache gutt siichtbar am Auto leien, wat dann eng Invitatioun ass fir Krimineller fir den Auto opzebriechen an des Wäertsaachen ze klauen.
Weider Rotschléi:
- Loosst keng Wäertsaachen am Auto leien!
- Suergt dofir, datt d’Dieren, d’Fënsteren an den Daach vun ärem Gefier gutt zou sinn.
- Informéiert d’Police, wann Iech eppes Verdächteges opfält.
Weider Informatioune fir sech géint Abréch ze schütze fannt Dir ënner police.lu/prevention.