Description
« Eng Bees fir mat op d’Rees! »
Concert de Guy Schons
23.10.2026 – 19h30
à l’église d’Eppeldorf
entrée libre
Org.: Commission de la culture, du sport, de la jeunesse et du troisième âge
Fir de 65. Anniversär vu senger Carrière als Sänger a Gittarist huet de Guy Schons en neie Programm zesummegestallt.
Zu sengem Repertoire gehéiere Vollekslidder aus ville Joerhonnerten, vu stëmmungsvolle Balladen aus der Renaissance, wéi « Komm, mäi Léiwsten », bis zu lëschtege Lidder aus dem Ufank vum
20. Joerhonnert, wéi « Vu Cuba erëm » vum Putty Stein an
« D’Lidd vum Théiwesbuer » vum Fritz Weimerskirch.
Bekannt zu Lëtzebuerg an am Ausland gouf de Guy Schons virun allem mat sengem 1975 gegrënnten Ensemble « Dullemajik ».