Description
Invitatioun op ee besonnesche Nomëtteg
Samsdes, de 26. Abrëll 2025 vu 14.30-17:00 zu Steeën um Bio Haff Baltes
1. Sandspillraum mam Carole, diploméiert Educatrice a Pikler ®Pädagogin
- Eng Offer fir Eltere mat hire Kanner vun 1 1/2 – 10 Joer
D’Spill mam Sand erméiglecht de Kanner ee villfältegt a verdéifte Spille mat ongewinnte Kichenutensilien, Naturmaterialien, rengem an dréchenem Sand. Alles wat gebraucht gëtt ass, Loscht a Freed um experimentéieren. D’Eltere sinn dobäi a ginn de Kanner d’Sécherheet, déi si brauche fir verdéift spillen ze kënnen.
2. Pony-Schnuppere mam Myriam, zertifizéierte Kanner a Jugend Coach um Päerd
- Eng Offer fir Kanner vun 3 – 9 Joer, 30 Minutte pro Grupp, mat jeweils maximal 4 Kanner
D` Zuel vun de Participanten ass fir déi zwou Aktivitéiten begrenzt. D`Reservéierung gëtt nom zäitlechen Agang vun der Umeldung zeréck behal. Dir kritt uschléissend vun ons e Mail mat enger Confirmatioun souwéi weideren Informatiounen.
Käschtebedeelegung :
Fir Memberen an Awunner vun der Gemeng Aerenzdall :
Sandspillraum 7,50€ / Ponyschnupperen 7,50€
Di zwou Aktivitéiten gebucht :
Fir Memberen an Awunner vun der Gemeng Aerenzdall 12,50€
Externer : plus 2,50€ pro Aktivitéit
Umeldung ënnert folgendem Formular