Prévue

Description

Kommt laanscht a genéisst d’Chrëschtdagszäit
D’Adventszäit steet virun der Dier, an ech freeë mech, Iech op e gemittlechen Adventsmaart ze invitéieren!
Kommt laanscht, verbréngt e puer schéi Momenter mat eis a loosst Iech vun der Chrëschtdagsstëmmung verzauberen.
Wat Iech erwaart:
  • Selwer gebake Schneeckereien
  • Waarm a kal Gedrénks fir gemittlech Momenter
  • Nohalteg an handgemaachten Artikelen aus mengem Shop
Awer dat Besonnescht un dësem Adventsmaart ass, datt mir zesumme kënnen eppes Guddes bewierken.
Mir ënnerstëtzen den Télévie 2027 – Centre Vallée de l’Ernz!
Mat all Besuch, all klenger Spent an all Ënnerstëtzung droe mir all dozou bäi, d’Kriibsfuerschung ze ënnerstëtzen. Fir e gudden Zweck zesummenzekommen, ass dat net dat Schéinst un der Chrëschtzäit?
28. & 29. November 2026
10:00 – 20:00 Auer
3, Kriibsebaach, L-9365 Eppelduerf
Ech freeë mech vun Häerzen op Iech, op vill flott Gespréicher, op e gemittlecht Zesummesinn an op e schéine Moment am Zeeche vun der Solidaritéit.
Zesumme kënne mir vill bewierken!
Laure Baumann – Hiewannebuttik Liewensbam