Description
Gratis Éischt-Hëllef-Kuer zu Miedernach!
Och am Februar 2027 organiséiert den SNJ an Zesummenaarbecht mat der NOJU nees en Éischt-Hëllef-Kuer, dës Kéier zu Miedernach!
Du bass tëscht 16 an 30 Joer al a wëlls léieren, wéi s du an enger Noutsituatioun richteg reagéiere kanns? Da profitéier vun dëser Geleeënheet!
Am Kuer léiers du wichteg Grondlage vun der Éischter Hëllef kennen a kriss gewisen, wéi s du bei engem Accident oder engem medezineschen Noutfall richteg handele kanns. Esou bass du besser virbereet, fir am Eeschtfall séier a sécher ze reagéieren an anere Mënschen ze hëllefen.