An deene leeschten Deeg ass et virun allem wärend den Owesstonnen zu enger Rei Abréch komm. D’Police geet dovun aus, dass et sech ëm méi Täter handelt, déi och weiderhi wäerten Abréch begoen.
Sollten Iech an deem Zesummenhang verdächteg Persounen oder Autoen opfalen, da mellt dës w.e.g. direkt ënner der Noutruffnummer 113 vun der Police.
Weider Rotschléi:
- Späert all Dieren a Fënsteren, och bei de Garagen a Kelleren, wann der netdoheem sidd.
- Aktivéiert är Alarmanlag, och wann der nëmme kuerz fort sidd.
- Maacht owes d’Luuchten am Haus un.
Weider Informatioune fir sech géint Abréch ze schütze fannt Dir ënner police.lu/prevention.