Sichs du eng Aarbechtsplaz oder eng Ausbildung?
Wëlls du erausfannen, wéi deng berufflech Zukunft kann ausgesinn?
Eis Gemeng schafft zesumme mat Youth & Work, fir Dir gratis, vertraulech, ganz professionell a fräiwëlleg Coaching unzebidden. Hei kriss du eng individuell Berodung a praktesch Tipps, fir déi nächst Schrëtt ze maachen.
Fir weider Informatiounen oder fir e Rendez-vous ze huelen, mell dech direkt bei Youth & Work:
Tél.: 26 62 11 41 oder info@youth-and-work.lu
www.youth-and-work.lu
Maach de nächste Schrëtt – deng Zukunft fänkt haut un!