Wat mécht de CDV?
De CDV begleet Kanner a jonk Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen an déi blann sinn oder Stéierunge vun der Vue hunn. Dës Schwieregkeete vun der Vue kënnen esouwuel reng Aeproblemer sinn mee awer och neurovisuel Ursaachen hunn. Bei engem neurovisuelle Problem läit d’ Ursaach net beim A selwer, mee ass zentraler Natur a läit also am Gehier.
Och Bëbeeën a Kanner, déi nach net an d’ Schoul gi kënnen op d’Ënnerstëtzung vum CDV zeréckgräifen. Mir suergen dann duerfir, dass dës Kanner optimal op d’Erausfuerderunge vun der Schoul virbereet sinn an den Ufank an der Schoul ouni Schwieregkeete verlafe kann.
Wéini gëtt de CDV kontaktéiert a wie mécht dat?
Di zoustänneg Inklusiounskommissioun (commission d’inclusion) vun der regionaler Grondschouldirektiounen oder dem Lycée kann dem Kompetenzzenter seng Ënnerstëtzung ufroen. Dat geschitt iwwert d’Commission nationale d’inclusion (CNI). Hei ass den Accord vun den Elteren néideg. Eréischt nodeems eist spezialiséiert Personal e spezialiséierten Diagnostik erstallt huet a Schwieregkeete festgestallt gi sinn, déi esou eng Ënnerstëtzung sënnvoll maachen, kann de CDV aktiv ginn. (méi dozou op : www.inclusion-scolaire.lu)
Eng Demande fir engem konkrete Verdacht no ze goen, kann awer och vun den Elteren, respektiv vum erwuessene Schüler selwer, gemaach ginn.
Wéi schaffe mir?
Den CDV huet keng eege Klassen a probéiert also all Schüler a Schülerin a senger aktueller schoulescher Situatioun esou ze ënnerstëtzen, dass hien oder hat net benodeelegt ass am Verglach mat den anere Schüler a Schülerinnen. Dat maache mir andeems mir vill Hëllefsmëttel ubidden an de Schüler oder d’ Schülerin och am Gebrauch dovunner ënnerriichten. Ausserdeem ënnerstëtze mir d’ Léierpersonal mat adaptéiertem didakteschem Material, dat zum Deel an eisem hausinternen Hëllefsmëttelservice ausgeschafft an hirgestallt gëtt. Eis Schüler a Schülerinne kréien bei Bedarf och ugepasste Print an Digitalmedien ugebuede. Natierlech hu mir nach vill weider Ënnerstëtzungsmoossnamen a Programmer (ambulant Interventiounen an der Klass, Reedukatioun, asw.), déi der Vilfalt vun eise Schüler a Schülerinnen an hire spezifeschen Schwieregkeeten entspriechen.
Bei eise Schüler a Schülerinne sti mir dann och zur Säit wann et heescht den Iwwergang an de Beruff ze gestalten. Mir kënnen do hëllefen d’Aarbechtsplaz ze konfiguréieren an technesch den Ufuerderunge vum Service un de neie Mataarbechter oder Mataarbechterin vum Betrib unzepassen. Domadder droe mir dozou bäi, dass d’Aarbechtsplaz den Erausfuerderungen entsprécht, déi di betraffe Persoun schonns bewältege kann.
Eng weider Aufgab vum CDV ass den Dépistage, den am Cycle 2.1 an der Schoul duerchgefouert gëtt.
Ausserdeem bitt den CDV iwwert d’Erwuessenebildung vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend eng Hellewull vu Couren un, déi sech spezifesch un erwuesse Leit riicht. Dir kënnt iech, wann dir eng Stéierung vun der Vue hutt, hei a bal 100 verschidde Coure androen: https://www.lifelong-learning.lu/recherche/formation/de?keyword=cdv .
Wéi kontaktéieren ech de CDV?
Fir weider Informatioune kënnt dir gären den CDV ënnert der Telefonsnummer: 45 43 06-1 oder der Email Adresse: info@cc-cdv.lu kontaktéieren. Op eiser Internetsäit fannt dir vill weider Informatiounen zum CDV: https://cc-cdv.lu/fr respektiv https://cc-cdv.lu/de
Wat kascht dat?
Den CDV ass e Kompetenzzenter vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend a seng Servicer sinn domadder gratis.