Prévue

Description

D’Teenage Dream ass nees do. No enger laanger Paus ass et dëst Joer nees un deene méi Jonken vun 11-15 Joer. Wéi all Joer, fräi nom Motto: 100% Spaass, 100% Informatioun, 100% Partystëmmung an 0% Alkohol.

Vun 18.00-20.00 Info-Foire mat flotten Stänn, Spiller, Workshoppen zesumme mat eise Partner BEE SECURE, dem KJT, dem Hariko, dem ZEV Anonym Glécksspiller asbl, dem Service national de la jeunesse, der PInS asbl, dem Jugendinfopunkt Ettelbréck, dem Dikricher Jugendhaus an Ettelbrécker Jugendhaus,….

A vun 20.00-23.00 ginn et di beschte Beats op der Danzpist zesumme mat eisem Dj Blueteck

Fräien Entrée bis 19.30, duerno kascht d’Soirée 5.-€

(Alterskontroll bei der Entrée; keen Entrée ënnert 11 an och keen iwwert 15 Joer, mir maachen a puncto Alter keng Ausnamen a bleiwe fir fair ze si strikt)

Weider Infoen ginn et op eiser Homepage nordstadjugend.lu