Service Krank Kanner Doheem


De « Service Krank Kanner » bitt eng individuell Betreiung vu kranke Kanner doheem un.
Dës Déngschtleeschtung erméiglecht et den Elteren hirer berufflecher Aktivitéit nozegoen, wärenddem hier Kanner doheem an hirer gewinnter Ëmgéigend erëm kënne gesond ginn.

Ufroe vun Elteren di elengerzéiend sinn, gi prioritär behandelt.

D‘Tariffer fir d‘Betreiungen stinn op der Internetsäit vu „Femmes en Détresse a.s.b.l. „ënnert der Rubrik : Service Krank Kanner Doheem.

Als Basis fir d‘Berechnung vun dem individuellen Tarif gëtt sech um besteierbaren Akommes vum Haushalt orientéiert. Fir Gardë bei elengerzéienden Famillen gëtt een „Certificat de résidence élargi“ gefrot.

D‘Onkäschten fir de Parking an d‘Frais de Route vun der Betreierin ginn zousätzlech verrechent.

½ Stonn Frais de Route fir den Territoire vun der Stad Lëtzebuerg.
1 Stonn Frais de Route fir all aner Gemenge vum Grand-Duché.

D‘Betreiunge kënnen tëschent 7:00 a 19:00 Auer gemaach ginn. D‘Betreiungszäit pro Dag duerf net méi laang wéi 9 a net méi kuerz wéi 4 Stonne sinn. Vum 2.Betreiungsdag un kann een Zertifikat vum Dokter gefrot ginn. All d‘Mataarbechterinne vum Service hunn eng Ausbildung am sozio-familiäre Beräich an huele reegelméisseg un interne Formatiounen deel, di vum Service organiséiert gin.

Fir weider Informatiounen : 48 07 79

Méindeg bis Donneschdeg: 7:00 – 12:00 a vu 14:00 – 18:00 Auer.
Freideg: 7:00 – 12:00 Uhr (duerno Répondeur).
Répondeur: 18:00 – 7:00 Auer vum Dag duerno.
De Weekend an d‘Feierdeeg ass de Service zou (Répondeur).

Fir d‘Organisatioun vun de Gardë mi einfach ze maachen, kann am Viraus eng Fiche d‘inscription ausgefëllt ginn.
Et besteet och d‘Méiglechkeet fir dat online iwwert de Link https://skkd.lu/inscription oder https://skkd.lu/anmeldung ze maachen.

Contact

Administration communale de la Vallée de l'Ernz

18, rue de Larochette
L-7661 Medernach

Téléphone : +352 83 73 02–1
Fax : +352 87 96 65

E-mail : population@aerenzdall.lu 

Horaires :
Lundi à vendredi de 8:00–12:00 et de 14:00–17:00
Jeudi de 8:00–12:00 et de 14:00–19:00

Identification TVA: 
LU10921714

Gemengebuet N°2023/3